19/06/2026
D'Villa Rother zu Martelange ass zënter leschte Freideg offiziell op. D'Gebai, dat op dem fréiere Site vum Schifferofbau läit, gouf opwänneg restauréiert. Bei den Aarbechte gouf vill Wäert dorop geluecht, sou vill wéi méiglech vun der originaler Bausubstanz ze erhalen oder originalgetrei nei opzeschaffen.
Bei der Eröffnungsfeier de leschte Freideg waren zahlräich Gäscht invitéiert, dorënner och de Kulturminister Eric Thill.
D'Villa ass elo offiziell fir d'Ëffentlechkeet fräiginn. Vun elo un kënne Besucherinnen a Besucher d'Villa Rother besichtegen. E Besuch léisst sech ausserdeem mat enger Visite vum Stollen verbannen, bei där een bis zu 42 Meter déif an den Buedem erofgeet.