natierlech-mama

natierlech-mama DOULA | HYPNOBIRTHING | DROBERODUNG |
Individuel Begleedung & Workshops
Mat vill Häerz • Erfarung • Empathie 🫶

Wëll eng individuell Begleedung an d'Mama-Sinn mäin Häerzensthema ass. Als Doula kann ech dech ganz no denge Bedierfnisser begleeden. Wat bidden ech der un:

KUEREN:
- Hypnobirhting-Kuer (am Grupp oder 1:1)
- Droberodungen (Workshops oder 1:1)

INDIVIDUEL BEGLEEDUNGEN
- Begleedung an der Schwangerschaft (Schreiwe vun dengem Gebuertsplang, Massage, Techniken aus dem Hypnobirthing, allgemeng Gespréi

cher iwwert Thema Schwangerschaft & Gebuert, ...)
- Mother-Blessing Zeremonie
- Gebuertsbegleedung (egal op am Spidol, am Gebuertshaus oder bei dir Doheem)
- Begleedung an de Wochen no der Gebuert (Massage, Hëllef am Alldag, Nogespréich vun denger Gebuert, ...) Ech passen d'Begleedunge ganz op deng individuell Wënsch a Bedierfnisser un. Detailer fënns de op menger Homepage: www.natierlech-mama.lu

Bei Froe kanns de mech ganz gäre kontaktéieren um 621368428.

🌸 Nei Hypnobirthing Coursen – nei Datumer verfügbar! 🌸Du erwaarts e Bëbee, a wëlls deng Gebuert mat méi Rou, Vertrauen a...
15/06/2026

🌸 Nei Hypnobirthing Coursen – nei Datumer verfügbar! 🌸

Du erwaarts e Bëbee, a wëlls deng Gebuert mat méi Rou, Vertrauen a Bewosstsinn erliewen?

An mengen Hypnobirthing-Coursen léiers du e.a.:
✨ Entspanungs- a Visualisatiounstechniken
✨ Otmung & Beweegung wärend der Gebuert
✨ Wéi Angscht a Stress reduzéiert kënne ginn
✨ D'Verständnis vun de physiologesche Prozesser vun der Gebuert
✨ Wéi däi Partner dech optimal begleede kann

Dënschdes vun️ 18:00 – 21:00
📍 Centre Lunata zu Bartreng

Méi Infos & Umeldung ganz einfach iwwert mäi Site (link an der BIO)

Ech freeë mech, dech drop dech kennen ze léieren an dech e Stéckchen op dengem Wee begleeden ze duerfen. 🤍✨

HYPNOBIRTHING
LETZEBUERG
SCHWANGERSCHAFT

13/06/2026

Kommt all bei eis op Gonnereng op eisen Dro Second Hand 🫶

SECOND HAND vu Drohëllefen an Accessoiren ronderëm d’Droen 🤍ℹ️Du wëlls deng Drohëllef verkafen?Kontaktéier eng vun eisen...
22/05/2026

SECOND HAND vu Drohëllefen an Accessoiren ronderëm d’Droen 🤍

ℹ️Du wëlls deng Drohëllef verkafen?
Kontaktéier eng vun eisen Droberoderinnen, fir deng Drohëllef ofzeginn:
• Annemarie Arend
📞 621 368 428
📍 Garnich
• Anouck Wagner
📞 691 474 730
📍 Bettenduerf
• Chantal Weis
📞 621 478 865
📍 Jonglënster
• Corinne Demuth
📧 [email protected]
📍 Roeser
• Félicie Wietor
📞 621 199 833
📍 Brouch (Mersch)
• Lynn Reinard
📞 691 874 171
📍 Biergem

ℹ️Du sichs eng Drohëllef?
Da komm den 13/06 einfach bei eis laanscht ✨

Mir freeën eis op iech 🤍

---------------------------------------------------------------------------------

SECOND HAND de porte-bénés et accessoires autour du portage 🤍

ℹ️Tu souhaites vendre ton matériel de portage ?
Contacte une de nos monitrices de portage pour déposer tes portes-bébé :
• Annemarie Arend
📞 621 368 428
📍 Garnich
• Anouck Wagner
📞 691 474 730
📍 Bettendorf
• Chantal Weis
📞 621 478 864
📍 Junglinster
• Corinne Demuth
📧 [email protected]
📍 Roeser
• Lynn Reinard
📞 691 874 171
📍 Bergem

ℹ️Tu recherches un moyen de portage ?
Alors passe simplement nous voir le 13/06 ✨

Nous nous réjouissons de vous voir 🤍

Assemblée Générale 2026.Schéinen Owend mat gudde Gespréicher a guddem Iessen 🧡
30/03/2026

Assemblée Générale 2026.
Schéinen Owend mat gudde Gespréicher a guddem Iessen 🧡

Sou staark. 🤍Dës Mama huet mat enger déiwer Kraaft, an engem immense Vertrauen hire ganz eegene Rhythmus fonnt an ass Sc...
27/03/2026

Sou staark. 🤍

Dës Mama huet mat enger déiwer Kraaft, an engem immense Vertrauen hire ganz eegene Rhythmus fonnt an ass Schrëtt fir Schrëtt duerch hir Gebuertsrees gaangen. Eng Kraaft, déi vun bannen eraus kënnt, voller Vertrauen.

D’Ënnerstëtzung ronderëm si huet dëse Raum matgedroen, mee et war hir eegen Staerkt, déi sie duerch hir Rees gedro huet.

E ganz grousse Merci, datt ech deng Geschicht deele dierf.
Ech wënschen dir an denger Famill vun Häerzen alles Léifes fir äere Wee. ✨

GEBUERT
DOULA
HYPNOBIRTHING
LËTZEBUERG
SCHWANGER
ERFARUNGSBERICHT

09/02/2026

🕯️GEBUERTSKERZ 🕯️

Dës wonnerschéi Gebuertskerz hunn ech de Mëtte mat enger Mama gestallt. D'Mama huet hir gutt Wensch an Intentioune mat an d'Gestaltung vun der Kerz afléisse gelooss ✨

Dës Kerz gëtt ugefang wann d'Gebuert vum Bëbee ufänkt a kann als visuellen Anker wärend der Gebuert benotzt ginn.
An d'Flâm kucke ka fir verschidde Fraen eppes ganz méditatives hunn ✨

An duerno ka sie bei all de wichtegen Etappen vum Kand ugefange ginn (Gebuertsdeeg, Schoulufank, asw...)🥰

Wie vun iech huet d'Gebuertskerz scho kannt? An hat vlait souguer selwer eng?
Schreiwt mer gären är Erfarungen 😘🤍

Ech ginn ëmmer nees no enger Recommandatioune fir eng Hëftdro gefrot 💛Dofir wollt ech Haut dës Drohëllef mat iech deelen...
27/01/2026

Ech ginn ëmmer nees no enger Recommandatioune fir eng Hëftdro gefrot 💛

Dofir wollt ech Haut dës Drohëllef mat iech deelen, déi ech perséinlech ganz interessant fannen:
✨ Se ass handsfree
✨ Kee aschneiden an drécken um Muskel beim Hals, d’Stoff léisst sech gutt iwwert d’Schëller verdeele
✨ Aus Bio-Cotton
✨ Einfach an der Handhabung.

👉 Mäi Fazit:
Eng wierklech gutt Alternativ zu de bëllegen Hëftsetzer, wou een dacks net weess, wéi, wou a mat wéi enge Materialien se hiergestallt goufen.

Wanns du Froen hues oder deng Erfarung deele wëlls, schreif mir gär 💬💫

Ech fannen et ëmmer sou schéi wann ech d'Mammies aus dem Hypnobirthing Kuer och no der Gebuert nach duerf weider begleed...
22/01/2026

Ech fannen et ëmmer sou schéi wann ech d'Mammies aus dem Hypnobirthing Kuer och no der Gebuert nach duerf weider begleeden ✨

De Butzi hat bei dëser Droberodung net graad 4 Méint.
D'Mama war scho ganz routinéiert am Droen an hat eng Drohëllef déi wierklech gutt gepasst huet.
Fir der Mama hire Réck ze entlaaschten hu mir d'Droen um Réck a säitlech am Ringsling geüübt.

Mercii fir däi Vertrauen an datt ech dëse Fotoen duerf deelen 😘🤍

Villmols Merci léif Mama datt ech deng Geschicht deelen duerf 🙏Et ass sou wonnerbar ze liesen datt déi positif Astellung...
18/01/2026

Villmols Merci léif Mama datt ech deng Geschicht deelen duerf 🙏
Et ass sou wonnerbar ze liesen datt déi positif Astellung a virun allem d'Otmung dech duerch d'Gebuert gedro hunn ✨

Ech wënschen dir an denger Famill alles erdenklech Léiwes fir är Zukunft 🥰

13/01/2026

"Kann Hypnobirthing scheitern wëll ee Problemer huet sech drop anzeloosen?"
Dës Fro kruut ech vun enger Mama gestallt a fannen se einfach mega spannend 🙏
Meng Fro op dës Äntwer fënns de an dësem Video.

A vlait wëll jo eng Mama an de Commentaren hir Erfarung mam Hypnobirthing deelen 🫶

Adresse

16, Rue De Holzem
Garnich
L-8355

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque natierlech-mama publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à natierlech-mama:

Partager